Zu Mamer gouf et e Sonndeg de Moie Problemer mat der Waasserversuergung. Betraff ware virun allem d'Uertschafte Mamer an Holzem.

E Sonndeg huet et nach geheescht, dass an 2 Stonne 4 Mol méi Waasser verbraucht gouf, wéi soss. An Zuele sinn dat 200 Kubikmeter Waasser, amplaz vun de gewinnte 50 Kubikmeter. E Méindeg huet d'Gemeng matgedeelt, dass et esouguer 500 Fudder Waasser an engem Zäitraum vun 3 Stonne waren.

Ewell ass gewosst, wéi et zu dësem extrem héije Verbrauch komme konnt: E Schued am interne Reseau vun engem Industrie-Betrib soll d'Fuite provozéiert hunn.

Mat den zoustännegen Zerwisser vun der Gemeng an engem Bureau d'études gouf zesummen no der Ursaach gesicht. D'Gemeng hat e Sonndeg gesot, dass si méiglecherweis eng Plainte deposéiere géingen.

De Communiqué

Momentan ginn et gréisser Problemer mat der Waasserversuergung a verschidden Deeler zu Mamer. D'Gemeng ass am Gaang, um Problem ze schaffen. D'Leit sollen NET den 112 uruffen! En ce moment, il y a de des  problèmes d'approvisionnement en eau courante dans certaines parties de la Commune de Mamer. Les techniciens de la Commune sont à pied d'oeuvre. Les habitants ne doivent PAS appeler le 112!