De Schäfferot vun der Stad koum zu Konklusioun, datt et besser wier, de Parking nom Feier komplett frësch ze maachen.

Am ënnerierdesche Parking um Rousegäertchen parkt esoubal kee säin Auto méi. De Parking bleift nämlech - nom Feier - nach e gudde Strapp zou, wéi d'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer de Méindeg de Mëtteg am Gemengerot präziséiert huet.

D'Lydie Polfer huet och ënnerstrach, datt et an deem betraffene Parking net op all Stack eng Sprinkleranlag gouf. D'Selwecht ass et iwwregens am Parking Knuedler an am Parking Theaterplaz.

Lydie Polfer iwwert de Parking Rousegäertchen (7.10.19)

Donieft sollt och nach iwwert d'Problematik op der Gare geschwat ginn, ma dee Punkt gouf vum Ordre du Jour geholl. D'Claudine Konsbruck hat gefrot, fir iwwert dëse Sujet ze schwätzen, am well si um Méindeg net präsent war, gouf dës Diskussioun op den nächste Conseil verluecht.