Den 2. November kommen d'Dompiraten op Lëtzebuerg.

Zënter 2004 stinn déi véier musikalesch Gesiichter op de Bühnen am Kölner Raum, der Äifel, dem Honnsréck, Deeler vum Saarland an zu Lëtzebuerg. Mat hirem Hit-Programm, enger matrappender Bühnepresenz an spierbarer Spillfreed mécht d' Band hir Concerten fir de Publikum an 'Organisateuren zu enger Party-Erfarung mat groussem Succès.

E Samschdeg, den 2. November ass et esou wäit! D'Dompiraten enteren de „Centre Culturel“ zu Bouneweg. Kommt laanscht a loosst Iech vun dëser eenzegaarteger Atmosphär verzauberen, well wou d'Jongen rocken, ass de Kompass kloer a Richtung vun enger super Party geriicht.

De Programm:

18h30 'Dieren ginn op
19h00 "Warm Up" mam Sandy Botsch
21h00 "Viva Colonia" mat den Dompiraten