Zu Manternach streiden den alen an den neie Buergermeeschter. Bei der leschter Conseilssëtzung goung et ëm eng Baugeneemegung vun 2017.

Dës Baugeneemegung vun 2017, hätt an den Ae vum haitege Schäfferot ronderëm de Jean-Pierre Hoffmann net dierfen ausgestallt ginn, wéi d'Wort schreift.

Am Hierscht 2017 - no de Gemengewalen - hätt den deemolege Buergermeeschter Henri Frank drop bestanen, nach eng Bau-Autorisatioun ze ginn, ier den neie Schäfferot de 15. November vereedegt gouf.

Et geet ëm eng landwirtschaftlech Hal bei Bäerbuerg.

De Buergermeeschter hätt seng Beamte forcéiert d'Pabeiere fäerdeg ze maachen, obwuel déi de Gemengepapp drop higewisen hätten, datt d'Pläng net konform zu de Reegele wieren, heescht et vum aktuelle Buergermeeschter Jean-Pierre Hoffmann. Hien huet d'Autorisatioun scho virun enger Zäit annuléiert, dobäi awer e Formfeeler gemaach, well de Bauhär net informéiert gouf.
D'Verwaltungsgeriicht huet d'Annulatioun dunn nees annuléiert.

D'Gemeng bleift awer bei hirer Positioun, wëll weider geriichtlech virgoen an d'Autorisatioun vun 2017 elo ufechten.

Den Ex-Buergermeeschter Henri Frank sot dem Wort, hien hätt richteg gehandelt. D'Gemeng misst sech mam Geriichtsuerteel offannen. Säi Successeur hätt sech just wëlle profiléieren.