E Samschdeg hat de lokalen Dëschtennisclub an d'Spillfabrik op Ell an de Centre Culturel invitéiert.

No enge 17 Ekippen d'lescht Joer waren der e Samschdeg iwwer 40 mat dobäi. Während 10 Stonnen huet all Ekipp Zäit, esou vill wéi méiglech Puzzelen zesummenzebauen. Wien um Enn dann déi meeschte Stecker zesummegesat huet, ass nationale Champion.

De Gewënner 2018 hat an deenen 10 Stonne 5.334 Stécker zesumme gepuzzelt. Am Ganzen goufe ronn 54.000 Stécker zesummegesat.