Als Buergermeeschter hat de Robert Traversini och de Wee fir bei d'Haus mam Gaardenhaische frëschmaache gelooss, dat ouni den Accord vum Schäfferot.

Am net-ëffentlechen Deel vun der Sëtzung da gouf sech ënner anerem mat Froe vu Gemengerotsmemberen, wéi dem François Meisch, befaasst, déi am Zesummenhank sti mam Ex-Buergermeeschter Roberto Traversini.

De Robert Traversini huet, nieft all deene bekannte Klengegkeeten, de Wee fir bei d'Haus mam Gaardenhaischen frëschmaache gelooss, datt ouni de Schäfferot doriwwer z'informéieren. Hien hat mam Entrepreneur a mat der Stroumfirma eleng Kontrakter ënnerschriwwen an dat Ganzt huet um Enn net grad 130.000 Euro kascht. Zu Déifferdeng ginn esou Aarbechten üblecherweis zu bal engem Drëttel un de Bewunner vun der Strooss weiderginn.

Dowéinst kritt de Roberto Traversini elo vun der Gemeng eng Rechnung an Héicht vun iwwer 35.000 Euro geschéckt. Eng Plainte respektiv eng Denonciatioun huet de Schäfferot net gemaach. Dat huet de François Meisch géintiwwer RTL confirméiert. Dës Fro hat de Gary Diderich vun déi Lénk schonn Enn August opgeworf. Dono hat d'Oppositioun all d'Froe gesammelt, fir dës zesummen ze stellen.