"De CGDIS kritt 2 Gemengenaarbechter permanent zur Verfügung gestallt"

De Schëtter Buergermeeschter Jean-Paul Jost reagéiert um Mëttwoch op Kritik vun der Oppositioun.
Op Facebook hat d'Schëtter DP sech besuergt gewisen iwwer d'Decisioun vum Schäfferot, dass just nach zwee Gemengenaarbechter sech op d'Bereetschafts-Lëschte vum CGDIS aschreiwen dierften.
PDF: Bréif un de Buergermeeschter a Schäfferot
Dës Decisioun wär keng restriktiv, seet de Buergermeeschter, an et wär ee sech wuel bewosst, dass d'Rettungsdéngschter op d'Hëllef vum Gemengepersonal ugewise wären.
De Jean-Paul Jost, Schëtter Buergermeeschter, sot, datt duerch dës Decisioun 2 Leit dem CGDIS permanent zur Verfügung gestallt ginn, si kréien wärend hirer Aarbechtszäit all Stonn een Euro, och dat huet de Schäfferot autoriséiert. De CGDIS hätt esou eng Sécherheet, datt 2 Leit vun der Schëtter Gemeng ëmmer do sinn.
3 Aarbechter vun der Schëtter Gemeng sinn iwwregens bei de Pompjeeën. Op d'Nofro huet de CGDIS confirméiert, dass dat eng reng kommunal Decisioun wär.