D'Äispist zu Beefort mécht de 26. Oktober hir Dieren op

© RTL-Archiv
Wéi de Syndicat d'Initiative et du Tourisme vu Beefort um Donneschdeg matdeelt, geet d'Äispist zu Beefort e Samschdeg fir de Public op.
Pénktlech fir de 50. Jubiläum gouf och en neie Logo entworf an d'Äispist heescht dann elo "Ice Park Beaufort".
Vun e Samschdeg u kann een also hei Schlittschong fueren, Äishockey spillen oder mam Ice-Karting fueren.
Nodeems dat neit Gebai mat de Vestiairë leider net mat Zäite fäerdeg ginn ass, gouf e Containerpark fir d'Saison 2019-2020 installéiert.
Lass geet et e Samschdeg vun 13 Auer u mat engem Famillendag. Kanner bis 14 Joer bezuele keen Entrée. Vun 18 bis 22 Auer ass dann "Disco on Ice".
Weider Informatioune fënnt een op www.icepark-beaufort.lu