D‘Awunner aus der Gemeng Biissen an Ëmgéigend haten um Méindeg dës Invitatioun vu Google an hirer Bréifboite leien.

Si ginn op eng Informatiounsversammlung invitéiert vu Google selwer iwwer - wéi et heescht  -„ la Construction potentielle d‘un Centre de données“.

Rendez-Vous ass den 21. November um 18 Auer am Hal Frounert zu Biissen.