Budgetsplang 2020 virgestallt. Iwwer 30 Milliounen € wëll déi zweet-gréisst Stad am Land eleng an d’Kultur an an ëffentlech Manifestatiounen investéieren.

Dat schreift d’Tageblatt. Dobäi abegraff ass och déi geplangte Renovatioun vum Kino Ariston, déi fir 2020 mat 8,7 Milliounen € chiffréiert gëtt. Am ganze soll d’Renovatioun ronn 14 Millioune kaschten.

Aus dem ale Kino soll jo eng Zorte Kanner- a Jugend-Theater entstoen.