En Donneschdeg krut d’Gemeng Conter offiziell de Fairtrade-Label iwwerreecht.

De Schäfferot vun der Gemeng Conter setzt sech zanter e puer Joer fir de fairen Handel an. Bei ëffentleche Manifestatioune kritt een och ëmmer Fair-Trade-Produkter ugebueden. Och am Gemengenhaus kritt ee just Kaffe a Jus vu Fair Trade.