Sites et Monuments: Helperknapp
Tumulus-Graf eelsten inventariséierten Objet aus der Gemeng

De Service des Sites et Monuments Nationaux (SSMN) huet e Méindeg den Owend den 3. nationalen Inventaire virgestallt.
Zejoert ass, no der Fiels a Fëschbech, déi 3. Lëtzebuerger Gemeng genee ënnert d’Lupp geholl ginn, mam Zil, am Detail d’Bau-Ressourcen an domadder d’Zeie vun der Vergaangenheet vun dësem Deel vum Mierscher Kanton ze dokumentéieren.
Frank Conrad, Buergermeeschter vum Helperknapp, am Interview beim Monique Kater
An der Gemeng Helperknapp sinn dësem Inventaire no 148 Objete schützenswäert. Den Tumulus, e Graf aus dem 2. - 3. Joerhonnert no Christus, ass deen eelsten inventariséierten Objet aus der Gemeng.
©
Monique Kater
©
Monique Kater
©
Monique Kater
©
Monique Kater
Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Am meeschte gelies