Et hat sech scho méi laang ugedeit. De Buergermeeschter vu Veinen Henri Majerus steet komplett am Abseits.

Leschten Héichpunkt an deem politesche Koméidisstéck war d'Sëtzung vum Gemengerot e Freideg mam Vott vum Budgetsprojet.

Souwuel d'Schäffen, wéi d'Conseilsmemberen hunn dogéint gestëmmt, ausser de Buergermeeschter. Géint dee gouf ee Mësstrauensvott gefrot.

Dee Vott muss an den nächsten 20 Deeg sinn. D'Resultat dierft awer kloer sinn.