Gemeng Käerjeng
Antoinette Beck-Stiefer onerwaart gestuerwen

Eréischt de 27. November gouf d'Antoinette Beck-Stiefer als Gemengeconseillère vereedegt. Elo ass et déi onerwaarten Nouvelle vun hirem Doud. / © Gemeng Käerjeng
Traureg Neiegkeete kommen aus der Gemeng Käerjeng. D'Conseillère Antoinette Beck-Stiefer (déi Gréng) ass onerwaart am Alter vun nëmmen 63 Joer gestuerwen.
Si war eréischt de leschte Mëttwoch als Conseillère vereedegt ginn. Si sollt de Marc Hansen ersetzen, deen aus perséinleche Grënn zeréckgetruede war.

An engem offizielle Schreiwes vun der Gemeng gëtt och präziséiert, datt d'Gemengerotssitzung, déi fir e Méindeg geplangt war, aus Respekt virun der Verstuerwener verluecht gëtt.
Am meeschte gelies