E schleeft schonn zanter Joren, de Projet vum Contournement Dippech Gare.

Dëse soll jo d'Streck tëscht Recken op der Mess an Dippech entlaaschten. Mëtt d'nächst Joer kéinten d'Aarbechten ufänken. A wann dëse Contournement da bis fäerdeg ass, da kann och endlech d'Barrière zu Dippech Gare ewechfalen ... déi wäert sécher kee vermëssen.

AUDIO: Contournement Dippech / Rep. Christophe Hochard (5.12.19)

10.000 Autoe passéieren all Dag Dippech Gare. D'Barrièrë si pro Stonn ronn 40 Minutten erof. D'Gedold vun den Automobiliste gëtt strapazéiert an d'Liewensqualitéit vun den Awunner ass scho méi laang fleeten. 2023, wann de Contournement da soll opgoen, kéint alles besser ginn.

Wann dës Ëmgoungsstrooss am Joer 2023 bis fäerdeg gebaut ass, wäert d'Barrière an der 3. Kantonsstrooss zu Dippech ewechfalen. De ganze Projet kascht eng ronn 17 Milliounen Euro.