Och d'Sportshalen an der Stad maache vun e Méindeg un hir Dieren nees op, ausser déi, an deene geschafft gëtt.

Dat sot d'Buergermeeschtesch Lydie Polfer e Mëttwoch de Moien um City Breakfast an der Stater Märei. D'Infrastrukturen ënner fräiem Himmel, wéi z.B. Futtball- an Tennisterrainen, sinn dogéint schonn elo erëm op.

Wat d'Schwämmen ugeet, däerfe Clibb vun dësem Mëttwoch un erëm do eran, déi Bouneweger bleift awer beispillsweis bis de 15. Juli fir de Public zou, genee wéi d'Basengen, fir schwammen ze léieren, iwwerdeems d'Badeanstalt weider net wäert op sinn.

Extrait Lydie Polfer

"D'Badeanstalt bleift och nach ganz zou. Firwat? Mä fir déi nei Schoulorganisatioun ze stemmen, mat Verdueblung vun de Klassen a mat Verdueblung vun dem Personal, hu mer Réckgrëff geholl, eben, op eng Rei vu Leit, déi an anere Servicer schaffen an déi net konnte schaffen, well eben zou war. An dat sinn zum Deel eben och Leit, déi hei an der Piscine geschafft hunn. Dofir kënne mer net alles mateneen opmaachen, mä d'Badeanstalt wäert, wann dann d'Schoulen elo eriwwer sinn, fir de Public nees opgoen!"

Donieft huet d'Lydie Polfer och drop higewisen, dass 82 Demanden am Horesca-Secteur erakoumen, fir d'Terrasse kënne méi grouss ze maachen, dorënner der vu 26 Caféen a Restauranten, déi bis ewell nach guer keng haten.

Et géif ee kucken, iwwerall eng Léisung ze fannen, sou nach d'Lydie Polfer. Woubäi de Serge Wilmes preziséiert huet, dass de Moment just 30 bis 40% vun de Cliente vu virun der Kris nees a Restaurante kéimen. Den 1. Schäffen huet virun deem Hannergrond en Appell un d'Leit lancéiert, fir erëm an d'Stad ze kommen an eng weider Hëllefsmesure fir de Commerce annoncéiert, mat Akafsbongen.

Extrait Serge Wilmes

"Déi fänkt eben elo un an dat wäert vum 15. Juni bis de 26. Juni goen. Et ass elo e Bréif erausgaangen, vun der Buergermeeschtesch un all d'Geschäftsleit, d'Restaurateuren, d'Cafetieren an Hoteller, wou drasteet: Mir wëllen dee Projet maachen, dass mir Iech proposéieren, bei eis ze kommen - an zwar an d'Victor Hugo-Hal. Do ass e Guichet, do sinn eis Leit vum Développement économique an do kann een dann hikomme mat 20 Bongen à 50 €, d.h. enger Gesamtvaleur vun 1.000 €, déi een eis dann do verkeeft!"

Dës Bonge ginn da verspillt, respektiv verdeelt, no soziale Krittären, sot de Serge Wilmes. Hie geet dann och  vun enger Braderie an der Stad aus, den Ament wéisst ee just nach ënner wéi enger Form dat wär. Wat d'Pop-up-Storen an der Philippsgaass ugeet, gëtt dëse Mëttwoch en zweeten Appel à candidatures lancéiert.

D'Buergermeeschtesch huet annoncéiert, dass vum 17. Juli bis den 1. August en "Drive-in-Cinema" op de Glacis kënnt.