
Ech erzielen näischt Neies wann ech hei behaapten, dass d’Enseignantë schonn zanter längerer Zäit driwwer kloen, dass si mat verschiddene Schüler, Klassen, Paperassen, jo och Elteren, komplett iwwerfuerdert sinn.
Et ass net méi wéi fréier, wéi dem Schoulmeeschter seng Missioun dra bestanen huet, de Kanner Wëssen ze vermëttelen an hien d'Respektspersoun vum ganzen Duerf war.
Haut musse si op ville verschiddenen Niveauen aktiv ginn.
Dat eleng ass jo mol net dee gréisste Probleem, wann do net och de Fakt derbäi kéim, dass d’Kanner dem Léierpersonal net méi mat deem néidege Respekt entgéint trieden, vun doheem net onbedéngt déi noutwendeg Manéiere bäibruecht an eng gewëssen Erzéiung kréien.
Ech ka mer scho virstellen, dass een, wann een eng richteg schwiereg Klass huet, déck d’Flemm huet, wann ee weess, dass ee muss e ganzt Joer duerchhalen. Keng flott Perspektiv.
Op der anerer Säit ass et och fir munch Kanner schwéier, wa si eng Persoun viru sech stoen hunn, déi net méi sou motivéiert ass wéi se misst sinn, vläicht perséinlech Suergen huet, keng Energie méi huet, an och si als Kanner mussen ee Joer duerhalen.
Fir esou wuel Léierpersonal wéi och fir d’Kanner kéint et dofir sënnvoll sinn, amplaz vum Generalist e puer Spezialisten ze hunn, sou wéi am Secondaire.
Verschidden Intervenante reagéieren anescht op Situatiounen, brénge frësche Wand an d’Klassen, briechen och alt emol eng schlecht Atmosphär am Klassesall. Dobäi kënnt, dass jo bestëmmt deen ee léiwer Däitsch, deen anere léiwer Franséisch an den drëtte léiwer Mathé enseignéiert. Dann nach Leit, déi sech selwer fir Sciencefächer begeeschteren oder flott Sportsaktivitéite plange wëllen.All Enseignant hätt säi Fach a géif dat an de verschiddenen Zyklen enseignéieren. Sou wéi d’Proffen am Secondaire. Och eng Zort Regent wier dann ubruecht.
Op dës Aart a Weis hätt keen eleng eng schwiereg Klass ze meeschteren, misst net eleng Schüler mat besonneschen Ufuerderunge begleeden an ënnerstëtzen. Verschidden Intervenante mat hire jeeweilege pedagogeschen Approchen a Kompetenzen, hirer Perséinlechkeet, kéinten, doduerch dass si all Stonn d’Klass wiesselen, souguer vläicht Rou an de Buttek bréngen, do wou engem eenzele seng Kraaft verseet. Déi ganz Laascht léich net just op engem Enseignant senge Schëlleren.
So lo wgl. keen, dass et net gutt ass, fir d’Kanner ze vill verschiddene Persoune ronderëm sech ze hunn, well dat hu se souwisou schonn. Dat geet schliisslech schonn an der Crèche lass.
Déi meescht sinn et gewinnt, si kennen et net anescht.
De Virdeel vun der Iddi vun de Spezialiste wier einfach, dass den Drock, dat latent Gewaltpotenzial an enger Klass, oder déi permanent Onrou vun e puer Leit, déi noeneen intervenéieren, engem Team also, besser kann ofgefiedert ginn, wéi vun engem eleng.
A fir dat alles anstänneg ze organiséiere brauch dëse System natierlech eng Schouldirektioun mat engem Direkter, dee keen Enseignant sollt sinn, an iwwert déi néideg Moyene verfüügt, fir gutt ze schaffen.
An dat Bescht heiru wier: et kascht näischt méi. Et muss just ëmstrukturéiert ginn.