Commentaire vum Annick GoerensHapp a Malz sinn net verluer

Annick Goerens
Ukrain, Gaza, Klimawandel an Naturkatastrophen an all Dag nei Trump-Hysterien. Dobäi komme Smartphones, Sozial Medien an déi lues Erosioun vun eisen Demokratien. Wéi soll ee mat dem Wansinn vun haut ëmgoen? Déi Fro stellt sech d’Annick Goerens a sengem Commentaire.

Ëmmer méi Leit soe mer, dass se keng Noriichte méi kucken an am Léifsten näischt méi wëllen héiere vu Politik an dem Zoustand vun der Welt, deen - si mer éierlech - wierklech net gutt ass. D’Noriichten iwwerschloe sech a mir si gefillt all Woch an engem anere Worst-case-Zenario. D’Demokratie an déi liberal westlech Wäerter stoussen a ville Länner un hir Grenzen. D’Mënschheet ass gefillt oder souguer faktesch ëmmer manner gebillt a méi ongesond an onkritesch. An et kann een an esou Situatiounen och ganz einfach d’Hoffnung verléieren.

De Commentaire vum Annick Goerens

Ech plädéieren awer dofir, de Kapp net an de Sand ze stiechen. Natierlech sti mer viru groussen Erausfuerderungen.
Ech sinn net naiv an ech weess och, dass Optimismus eleng kee rett. Mee si mer éierlech. Dës Situatioun, an där mir stiechen, ass och net komplett nei. Och an anere Joerzéngte waren d’Zäiten alles anescht wéi roseg. Kucke mer an d’1980er: Kale Krich, Angscht virun engem Atomkrich, Tschernobyl, Inflatioun, Massen- Aarbechtslosegkeet, AIDS als Doudesurteel, Mauerfall, d’Golfkricher a Krich am Afghanistan. Jee et war net einfach. Mee wat d’Zäit weider dréint, wat een och villes vergësst. An ee groussen Ënnerscheed: mir kruten net alles am Minutten-Takt geliwwert. Push op den Handy: alt erëm een déidlecht Accident oder eng Messerpickerei. Dat suergt fir méi Onsécherheet. A kloer soen ech als Journalistin net: “schalt d’Noriichten aus”. Mee ech roden deene meeschten déi soi-disant Sozial Medien erofzefueren. Huelt Iech d’Zäit. Et muss een net andauernd mat Push-Noriichten um leschte Stand sinn, grad well dat an Zäite vun Trump just heescht, de leschte Brach zerwéiert ze kréien. De Golf vun Amerika, Appetit op Grönland, eng Riviera an der Gazasträif, Friddenssommet mat Russland, d’Beleidegung vum Selenskyj a säin neiste Coup: extrem héich Stroftaxen. X Schlagzeile bannent e puer Wochen am Amt. Dat ass säi State of the Art. Eng Nouvelle no der anerer, fir dass nëmme keen Zäit huet, a Rou ze reflektéieren, esou wéi d’Diplomatie et eigentlech virschreift. Mee d’Zopp gëtt seele sou waarm giess, wéi se gekacht gëtt. Jo de Golf vu Mexiko heescht elo op Google Golf vun Amerika. Mee an der Ukrain gëtt et nach ëmmer kee Waffestëllstand an ech erënneren drun, den Trump sot am Walkampf, hie géif dat bannent 24 Stonnen hikréien. Et gëtt och keng Riviera am Gaza. Grönland gehéiert nach ëmmer zu Dänemark. An och bei de Stroftaxe seet den Trump schonn, et wier fir eng besser Verhandlungsbasis ze kréien, voir et soll net forcément sou bleiwe wei et ass.

Mir mussen also aus dem Krisen-Denken eraus, e Schrëtt zeréckgoen an eis froen: brauch ech déi do Nouvelle iwwerhaapt? Wann een eemol e puer Deeg net online ass, mierkt ee séier, dass een am Endeffekt näischt verpasst huet. Wei d’Zukunftsfuerscherin Florence Gaub an engem Interview mat der “Süddeutsche Zeitung” sot: “D’Vitesse vun de Noriichten huet sech verännert. Net d’Vitesse vun der Politik.”
Donieft sollte mer eis der Fuerscherin no bewosst sinn: all Krisen hunn och Verbesserungspotential. D’Pandemie an den Ukrain-Krich hunn eis Ofhängegkeeten däitlech gemaach an nei Prioritéiten definéiert. Grad wa mer mat eiser eegener vergänglecher Existenz konfrontéiert ginn, mobiliséiert sech am Mënsch eng gewëss Resistenz. Deemno Augen zu und durch.

Back to Top
CIM LOGO