
Et feelt vir an hannen u spezialiséiertem Personal. Dat ass déi schro wéi banal Konklusioun, déi een aus dem rezente Fall vu Pedokriminalitéit muss zéien. Bal sechs Joer vum éischten Hiwäis vun Europol bis zu engem Urteel an éischter Instanz, fir e Mann, deen net just am Internet no Fotoen a Videoen gesicht huet, mee seng eegen Duechter mëssbraucht a Material hiergestallt huet. Bei esou Delaien ass déi allgemeng Roserei gutt ze verstoen. Mee si iwwerraschen awer net, wann een déi lescht Joren e bëssen nogelauschtert huet, wat déi verschidde Vertrieder vu Parquet a Justiz ëmmer nees widderholl hunn, nämlech, datt se weder genuch Leit, nach um Hëlleg Geescht genuch Plaz hunn, fir datt a méi räsonabelen Delaien ka Recht gesprach ginn, egal wat d’Matière ass.
Am prezise Fall koume méi Facteuren zesummen, déi sech géigesäiteg verstäerkt hunn: E puer Dose Fäll beieneen, Ekippen, déi an der Covid-Zäit warscheinlech wéi soss och iwwerall duerch Krankheetsfäll a Kontaktlimitatiounen ageschränkt waren. No de 46 parallelle Perquisitiounen huet e Grapp voll Polizisten, déi jo franchement stabil Gemidder brauchen, fir déi Aarbecht iwwerhaapt ze maachen, missen honnertdausenden, ech widderhuelen, honnertdausende kannerpornografesch Biller a Videoen kucken, fir no Indicen ze sichen, datt där Biller och hei gemaach goufen an net just aus dem Internet erofgelueden. Also fir ze préiwen, ob hei nieft dem Volet online Kannerpornografie och nach e Volet Pedokriminalitéit géing existéieren an et domat en Affer géif, dat ze schützen wier. Ob dat, mat de verfügbare Moyene méi séier ze maachen war, dat ass ze bezweifelen.
An dofir sollen déi exzeptionell Ëmstänn am prezise Fall net dovun oflenken, datt spezialiséiert Personal och ausserhalb vu Pandemië bei Police a Justiz gesicht ass. An dësem, wéi an anere Beräicher, zum Beispill och, fir dofir ze suergen, datt op der Finanzplaz d’Gesetzer agehalen ginn.
Ma a dësem Fall ass och de Scas, de Service central d’assistance sociale, an d’Kritik geroden, well en zur Konklusioun koum, et géif keng akut Gefor fir weidere Mëssbrauch fir d’Affer bestoen. D’Kontakverbuet gouf opgehuewen, och well d’Affer et wéi eng Strof hätt kënnen ophuelen. Fir dee Service maache 54 Leit d’sozial Enquêten, haaptsächlech Sozialaarbechter, dräi Psychologen an zwee Kriminologen. Och si maachen eng schwéier Aarbecht, wou se vill aushale mussen. An fir 1.500 bis 2.000 nei Signalementer pro Joer, sief et wéinst Verdacht op Mëssbrauch, Gewalt oder Negligence, sinn dräi Psychologen warscheinlech och keen ze vill, zum Beispill och, fir z’evaluéieren, ob e Kand seng Aussoen fräi oder ënnert der Emprise vun engem Täter mécht.
Déi viregt Regierung huet Efforten ënnerholl, fir esou wuel d’Effektiver an der Justice wéi an der Police an d’Luucht ze setzen. Mee wann déi net duer ginn, dann ass et un der aktueller, z’erklären, wat se ënnerhëlt fir et besser ze maachen. Ma hei geet et manner ëm Patrullen an der Groussgaass, et geet net ëm Personal, dat ëffentlechkeetswierksam op deem verbal vill befuerenen Terrain ass, eng nei Flätsch un de Col kritt an domat d’Sécherheetsgefill verbessert. Et geet ëm där Beamtinnen a Beamten, déi een dobausse manner esou gesäit, well si meeschtens diskret hanner zouenen Dieren an engem Büro schaffen. Mee déi mer, wéi mer lo geléiert hunn, brauchen, fir datt eis Kanner sech net just sécher fillen, mee et tatsächlech sinn.