Lieserbréif vum Raphaël Rippinger“Do you speak English?”

RTL Lëtzebuerg

Deslescht stoung ech mat menger Madame op enger Gare vun där aus, wéinst enger Baustell keen Zuch gefuer ass, op e Bus ze waarden deen eis op eng aner Gare sollt féiere fir dass mir vun do aus mam Zuch an d’Ausland kéinte fueren.

Do stoung e Vertrieder vun der CFL, gutt ze erkenne mat der wäisser Mutz an engem orange Gilet. Hie war am gaange mat engem Kolleg ze schwätzen.

Ech hunn hie frëndlech gefrot vu wou aus de Bus op dee mir hu misse waarden, da géing fortfueren, hien huet erkläert dass dee geschwë géing kommen, hie géing eis Bescheed soen. Hien huet sech bei säi Kolleg gedréint a weider geschwat, mir hunn e puer Schrëtt ewech vun deenen zwee op de Bus gewaart.

E Mann, deen eng Zäitche scho bei den Zuchpläng hin an hier gekuckt huet an eng Wallis nogezunn huet, koum du bei de Mann vun der CFL an huet frëndlech gefrot:

“Good day, Sir, do you speak English?”

Deen huet sech bei säi Kolleg gedréit an op Lëtzebuergesch mat an engem genervten Toun gesot:

“Hei muss de geschwënn all Sprooche schwätzen…”,

huet de Kapp gerëselt sech bei den auslännesche Mann gedréit a mat engem schwéiere Lëtzebuergeschem Accent gefrot:

“What do you want?”

De Mann wollt wësse wou de Bus fir Lëtzebuerg da géing fortfueren a wéini dee kéim.

Dorops hin ass de Mann vun der CFL e puer Schrëtt a Richtung vun de Bus-Arrête gaangen an huet mat zwou Hänn op e Busarrêt gewisen a gesot:

“This is where the bus goes to the Gare!”

Am auslännesche Mann sengem Gesiicht war just e grousst Fragezeichen an hien huet ongleeweg vum Busarrêt op de Mann mat der wäisser Kap gekuckt deen dunn nach drugehaangen huet:

“There from goes the bus to the Gare, the station in Luxembourg!”

andeems hien nach eng Kéier op den Arrêt gewisen huet:

“The station, you know…”

Du foung hien u, mat den Hänn an Ärem vun uewen no ënnen a vu lénks no riets ze gestikuléieren an ass weider gefuer:

“Station? Where the trains are arriving from everywhere!”

Hien huet de Mann gekuckt a mam Kapp “Jo” gewénkt, an ass erëm bei säi Kolleg zeréck komm, huet dee gekuckt, de Kapp gerëselt a sot:

“O Mamm, o Mamm… esou ass dat all Dag hei…”

No enger Zäitche koum onse Bus an no enger agreabeler Rees mam Zuch duerch d’Belsch an Holland koume mir op onser Destinatioun un.

Op der Gare vun onser Destinatioun si mir an de Büro vum ëffentlechen Transport gaange fir en 3 Deeg-Ticket ze kafen.

Wéi e Guichet fräi gouf gounge mir dohin an ech hunn de Mann hannendru gefrot:

“Good day, Sir, do you speak English?”

De Mann hannert dem Guichet huet mech gekuckt, frëndlech gelaacht a sot:

“Good day to you Sir, of course I do, how can I help you?”

Dat war den Ufank vun e puer wonnerschéine flotten Deeg bei immens frëndleche Leit.

Back to Top
CIM LOGO