
Net eréischt elo, mee schonn zënter Wochen an deelweis esouguer Méint ass d’ Stad Lëtzebuerg een eenzege, grousse Schantjen. A wat ass mat eiser schéiner Stad geschitt, déi mer esou gär haten an op déi mer esou houfreg waren? Mir kënnen, mir sollen a mir mussen houfreg sënn, datt eis Stied an Dierfer ëmmer erëm moderniséiert a verschéinert ginn, mee wat schonn zënter ville Wochen an der Haaptstad lass ass, dat geet net op di berühmte Kouhaut. Näischt dergéint, datt verschéinert a moderniséiert gëtt, mee firwat dat alles mateneen ufänken an iwwer Wochen a Méint hinzéien? Ganz sécher weess deen ee Responsabelen net, wat deen anere wéini Wëlles huet.
Schonn den Zentrum vun der Stad, d’ Aldringer Plaz, huet ganz ganz vill Leit iwwer Jore munnech Nerve kascht. Elo huet zu Bouneweg op der Bréck fir an d’ Stad e groussen a laange Schantjen ugefaang. Net nëmmen, datt de Wee a Richtung Rond-point Gluck gespaart ass, mee op der Bréck selwer ass et och wéinst den Ëmleedungen doudgeféierlech. Dee ganze Verkéier gëtt also a Richtung Stater Gare an domat och an d’ Hollerecher Strooss gejot. Knapps bass de a Richtung Escher Autobunn ënnerwee, dann hues de direkt riets schonn erëm e laange Schantjen, deen di Strooss mat deem ville Verkéier vill méi enk mécht, an dat schonn zënter Wochen a Wochen. Wann s de da mengs, du wiers derduerch, dann otems de eng Kéier déif an a béis riets of, mee do emfänkt dech dann en neie Schantjen. Eréischt op der Autobunn selwer kanns de dech berouegen.
An der Neier Avenue ass alles op d’ Kopp gekéiert, oder bal. Bis erof op d’ Paräiser Plaz begleet dech dee Gruef, dee fir den Tram preparéiert ass. De Verkéier an d’ Busarrête sënn ëmgeleet a verluegt ginn. Mee kaum dass déi Aarbecht ugefaang war, du si schonn direkt erëm zwee aner grouss Schantercher ugekënnegt ginn, deen een op der Place Dargent zu Eech, wou et ëmmer schonn en immense Verkéier a Richtung Walfer a Miersch di eng Säit an a Richtung Iechternach di aner Säit ginn huet; direkt derbäi, zu Dummeldeng, fänkt zu gläicher Zäit dann nach e Schantjen un. An di Aarbechten op der Aler Bréck schénge ganz op d’ Éiwegkeet hinzedeiten.
Mee net nëmmen de Stroosseverkéier gëtt op esou ville Plazen ellen a Matleedenschaft gezunn, och d’Trottoire sënn op ganz ville Plaze kromm a gebockelegt, sou datt et fir d’ Foussgänger liewensgeféierlech ass, d’ Aen net am Grapp ze hunn.
Firwat di Aarbechten dann net esou plangen, datt se zäitlech a raimlech méi wäit ausernee leien? Op di do Manéier zweiwelt een drun, datt di eng mat deenen anere schwätzen.
Et muss een elo bal fäerten, datt een eis schéin Haaptstad geschwënn net méi erëmerkennt an datt et – wann dat do esou weider geet – enges gudden Daags heescht: Wann s de eemol zu Lëtzebuerg waars, da gefält et der egal wou op der Welt. Schued drëm!
Roby ZENNER