Dr. phil. Jean-Paul HoffmannFir eng Alphabetiséierung op Lëtzebuergesch

Jean-Paul Hoffmann
E Mëttwoch gouf de Projet Alpha, deen eng Alphabetiséierung op Franséisch méiglech mécht, gestëmmt. Den Auteur Jean-Paul Hoffmann* hannerfreet d’Alphabetiséierung op Däitsch.
© RTL Grafik

Laut STATEC schwätzen hei am Land 4 Persoune vun 10 guer kee Lëtzebuergesch, weder doheem, nach op der Aarbechtsplaz. Besonnesch bedenklech ass dobäi, datt de Gebrauch vum Lëtzebuergesche bei der éischter Generatioun (Kanner vun Zouwanderer, déi zu Lëtzebuerg gebuer sinn) an engem Zäitraum vun 10 Joer vu 76,9% op nëmmen nach 45,5% ofgeholl huet. Dem STATEC no, huet déi sproochlech Polariséierung zu Lëtzebuerg an de leschten 10 Joer zougeholl. Iwwerdeems Leit, déi hei am Land gebuer sinn, an der Majoritéit Lëtzebuergesch als Haaptsprooch benotzen, ass dat bei Matbierger, déi net hei gebuer sinn, esou gutt wéi guer net de Fall.

D’Statistiken schwätzen eng däitlech Sprooch: D’Erosioun vum Lëtzebuergeschen als Haaptsprooch ass net méi vun der Hand ze weisen.

Ganz besonnesch bedenklech schéngt dat fir de Stellewäert vun der Lëtzebuerger Sprooch a Kultur a Gesellschaft ze sinn, well si ass et um Enn, déi Dag fir Dag dofir suergt, datt Lëtzebuerg séng Identitéit behält. An d’Sprooch vun enger Kulturgemeinschaft, an onsem Fall déi lëtzebuergesch, ass et och, déi eng onverzichtbar Roll dobäi spillt, datt Wäerter a Weltanschauungen, virum allem awer dat traditionellt kulturellt Ierwen, erhale bleiwt. Einfach ausgedréckt: Verschwënnt d’Lëtzebuergescht als éischt Sprooch, da verschwënnt och den eenzegaartege Charakter vun onsem Land. An datt dat, wat ee kulturell Eegestännegkeet nennt, hautdesdaags méi wichteg ass wéi je, dat versteet sech vum selwen. An enger globaliséierter Welt grad esou wéi an engem Europa, dat ëmmer méi zesummewiisst, ass regional Eegestännegkeet vun elementarer Wichtegkeet. An d’Erosioun vum Lëtzebuergeschen als éischt Sprooch ass et grad, wat déi Eegestännegkeet elo a Gefor bréngt.

D’Léisung vum Problem kann nëmmen an enger nohalteger Stäerkung vum Lëtzebuergeschen als éischter Sprooch bestoen. Fir dat ze erreechen, muss déi traditionell Lëtzebuerger Dräisproochegkeet vu Grond op iwwerduecht ginn.

E méi geneeë Bléck dorobber, wéi dës Dräisproochegkeet am Detail ausgesäit, weist, datt d’Lëtzebuerger am Laf vun hirer Geschicht ni eegentlech dräisproocheg, mee villméi triglossal gewiescht sinn. Dat heescht: Zu Lëtzebuerg waren a sinn zwar wuel dräi Sproochen (Däitsch, Franséisch, Lëtzebuergesch) am Gebrauch, awer dat a verschiddene, kloer vuneneen oofgegrenzte Kontexter a Situatiounen (z.B. viru Geriicht). An anere Wierder: De gebiertege Lëtzebuerger Mammesproochler ass an der Reegel nët dräisproocheg, mee villméi strikt eesproocheg. Hee schwätzt am Austausch mat anere Lëtzebuerger ausschliesslech Lëtzebuergesch, iwwerdeems déi béid Friemsproochen Däitsch a Franséisch esou gutt ewéi nëmmen als Schrëftsprooche benotzt ginn. A well déi Lëtzebuerger Dräisproochegkeet, vun däer esou vill geschwat gëtt, am Fong guer keng ass, sollte mer esou lues drun denken, deenen dräi Sproochen hei am Land en anert Gewiicht ze ginn. An déi ideal Plaz, fir domadder unzefänken, ass ouni Zweiwel d’Schoul.

Zu enger Zäit, wéi d’Lëtzebuergescht hei am Land nach als däitschen Dialekt (Lëtzebuerger Däitsch) ugesi gouf, hunn d’Kanner logescherweis missen op Houdäitsch ageschoult ginn. Datt d’Franséischt séier dobäi koum, war opgrond vun dër beschriwwener Triglossie-Situation net manner zwéngend. Un dëser Situatioun, déi méi ewéi 150 Joer al ass, huet sech bis haut näischt geännert. Wat sech an der Tëschenzäit allerdéngs ferrem geännert huet, sinn déi sozial, kulturell an net zulescht sproochlech Verhältnesser.

Am Opfällegste schéngt dobäi de Réckgank vum Däitschen ze sinn. Dëm STATEC no, ass de Gebrauch vun der däitscher Sprooch an 10 Joer vun 31% op nëmmen nach 23% zréckgaangen. An am selwechte Mooss, wéi dat Däitscht lues awer sécher aus onsem Alldag verschwënnt, gëtt et och als Aschoulungssprooch iwwerflësseg. Dozou bäi dréit d’Tatsaach, dass d’Lëtzebuergescht sech säit de 70er Jore vum 20. Jorhonnert ëmmer méi vum Däitschen emanzipéiert huet. E virleefegen Héichpunkt ass an deem Kontext duerch d’Aschreiwung vum Lëtzebuergeschen als Nationalsprooch an déi nei Verfaassung erreecht. D’Däitscht kënnt also dem Lëtzebuergeschen ouni grousse Schued séng Plaz an der Schoul iwwerloossen.

Dobäi kënnt, datt d’Lëtzebuerger Méisproochegkeet, vun däer esou vill Rieds geet, am Laf vun der Zäit net ëmmer esou onëmstridde gewiescht ass, wéi een dat kënnt mengen. Dem Kinnek-Groussherzog Wëllem I. séng Sproochepolitik huet no 1815 beispillsweis fir d’éischt d’Franséischt a méi spéit dogéint d’Däitscht als eenzeg Amtssprooch gëlle gelooss. Eréischt d’Schoulreforme vun 1848 an 1897 hunn dem Zweesproochegkeetsprinzip endgülteg zum Duerchbroch verhollef.

An esouguer bis an ons Zäit eran gouf et ëmmer neess Stëmmen, déi d’Méisproochegkeet zu Lëtzebuerg a Fro gestallt hunn. Kee Geréngeren wéi de Robert Bruch, dee wuel bedäitendste Lëtzebuerger Sproochwëssenschaftler, huet sech 1959 fir déi kulturell Eesproochegkeet agesat.

Dee kuerze Bléck elo zréck an d’Geschicht weist, datt d’Lëtzebuerger Méisproochegkeet, wéi mer se säit mëttlerweil iwwert engem Jorhonnert kennen, ons net an d’Wéi geluecht gouf, mee villméi d’Resultat vu spezifesch politeschen a soziale Verhältnesser ass. A well grad déi Verhältnesser et sinn, déi sech an der Lescht esou fundamental geännert hunn, muss reagéiert ginn.

Fir datt dat Eenzegt, wat de Lëtzebuerger vu séngen Noperen wierklech ënnerscheed, séng Sprooch nämlech, net ganz aus dem familiären Emfeld verschwënnt, muss hire Stellewäert an onser Gesellschaft nohalteg gestäerkt ginn. An dat kann nëmmen doduerch geschéien, datt d’Lëtzebuergescht als eenzeg Alphabetiséierungssprooch an onse Schoulen zréckbehale gëtt.

Datt dat net iwwer Nuecht geléngt, läit op der Hand. Fir datt d’Lëtzebuergescht als Alphabetiséierungssprooch Fouss faasse kann, si konkret Standardiséierungsmoossname néideg. E Vergläich mat Länner wéi Holland (16. Jh.) oder Norwegen (20. Jh.) weist allerdéngs, datt d’Lëtzebuergescht schonn e gutt Stéck op deem Wee hannert sech huet.

Net ëmsoss léisst sech d’Lëtzebuergëscht wëssenschaftlech als soug. “Ausbausprooch” bezeechnen. Dorënner versteet een eng Sproochvarietéit, déi esou wäit entwéckelt ass, datt si, linguistesch gesinn, bal schonn als vollwäerteg Standardvarietéit, d.h. als Sprooch, gëlle kann. Dëm Lëtzebuergesche feelt dozou am Fong just nach eng normativ Grammatik (Reegelgrammatik). Zesumme mat dem Reegelwierk vun der Orthographie an dem Dictionnaire, déi allebéid scho bestinn, kann aus däer bekannter, wëssenschaftlech am Detail beschriwwener Lëtzebuerger Emgankssprooch (Koinè) mat wéineg Opwand eng voll ausgebaute Standardsprooch ginn. An déi wir et dann och, déi an der Grondschoul als Alphabetiséierungssprooch kënnt agesat ginn.

Fir datt dee Paradigmewiessel vun onser Sproochepolitik, deen eegentlech näischt manner ewéi eng kopernikanesch Wend bedeit, gelénge kann, mussen allerdéngs nach e puer aner schoulesch Moossnamen dobäi kommen, wéi z.B. e méi staarke Fokus op d’Lëtzebuerger Geschicht am Allgemengen an déi vun onser Literatur a vun onse Gebräicher am Besonnëschen.

Zum Schluss soll awer e weidere, wichtege Virdeel vun der Standardiséierung vum Lëtzebuergeschen net vergiess ginn. Säit jeehier gëtt et kaum e bessert Mëttel géint en onkontrolléierte Sproochwandel wéi déi reegelhaft Verschrëftung vun enger geschwatener Sprooch. Domadder kënnt deen ëmmer méi staarken Drock, deem d’Lëtzebuergescht säitens deenen anere Sproochen, dem Däitschen, Franséischen, awer och ëmmer méi dem Engleschen, ausgesat ass, op eng wierksam Art a Weis reduzéiert ginn, well sproochlech Norméierung bedeit gläichzäiteg och ëmmer e gewëssene Grad u sproochlecher Fleeg.

Mir soten et schon: An engem Europa vun der sproochlecher a kultureller Diversitéit kënnt et op eng zolitt, an dat heescht fir Lëtzebuerg virun allem sproochlech, Identitéit un. Wann awer d’Lëtzebuergescht bei Kanner vun Zouwanderer, déi hei gebuer sinn, lues a lues verluer geet, dann ass grad déi sproochlech Identitéit elo a Gefor. Fir deem Trend entgéint ze wierken, muss d’Lëtzebuergescht iwwert de Wee vun der Alphabetiséierungssprooch vill méi staark wéi bis elo an de Käpp vun der soug. éischter Generatioun verankert ginn.

Wee fäert, datt déi spezifesch Lëtzebuerger Triglossie dobäi verschwënnt an domadder och e wichtege Standuertvirdeel fir onst Land verluer geet, deem sief gesot, datt d’Franséischt säin traditionelle Stellewäert als Amtssprooch an als Sprooch vun der Legislativ an der Justiz natierlech och weiderhi behale wäert. A wee wëllt, dee kann Däitsch ouni vill Opwand och an Zukunft als zweet Friemsprooch léieren.

Ween allerdéngs onverännert dorobber besteet, datt d’Lëtzebuergescht, grad well ëmmer méi Leit hei am Land et léiere wëllen, net a Gefor ass, dee riicht, doduerch datt en dem eegentleche Problem aus dëm Wee geet, op Dauer grousse Schued un.

*Dr. phil. Jean-Paul Hoffmann

Den Auteur ass promovéierte Sproochwëssenschaftler, Dialektolog a Sproochhistoriker an huet séng Dokterthees iwwert den Thema “Standard und Dialekt in der saarländisch-lothringisch-luxemburgischen Dreiländerecke” geschriwwen. Als Professer resp. Dozent huet heen um “Centre Universitaire de Luxembourg”, der Uni Lëtzebuerg a verschiddenen auslänneschen Universitéiten (e.a. der Uni Bonn an der Miami University) geschafft. Doriwwer eraus war hee Sekretär vun der sproochwëssenschaftlecher Sektioun vum Institut Grand-Ducal (IGD-LEO), Grënnungsmember vum “Conseil permanent de la langue luxembourgeoise” (CPLL) a Member vu verschiddene Lëtzebuerger Dictionnaires-Kommissiounen. Vum Joer 2000 un ass hee Member vum wëssenschaftleche Bäirot vun engem op der Universitéit Basel ugesiedelten, interdisziplinäre Fuerschungsprojet mat dem Titel “Neurobiologische Koordinaten der Mehrsprachigkeit im natürlich mehrsprachigen Umfeld der Regio Basiliensis” (vgl.: http://pages.unibas.ch/multilingualbrain) gewiescht.

Back to Top
CIM LOGO