Net méi rentabelWien iwwerhëlt déi orange Kleedercontaineren?

Lisa Weisgerber
D’Associatioun Kolping, déi sech zanter méi wéi 30 Joren ëm de Contenu vun de Containere këmmert, huet decidéiert domadder op ze halen, ouni awer dass dës verschwanne wäerten.
Wien iwwerhëlt déi orange Kleedercontaineren?
D’Associatioun Kolping huet decidéiert, d’Bedreiwe vun de Kleedercontaineren ze stoppen. Dës wäerten awer net verschwannen.

Et wier ganz einfach net méi rentabel. D’Suen, déi era koumen, sinn am leschte Joer nëmmen duergaange fir d’Sous-traitanten ze bezuelen. Et wier näischt méi fir d’ASBL selwer iwwreg bliwwen. Dës Sue wieren awer wichteg, well domadder hir sozial Projeten zu Lëtzebuerg an am Ausland finanzéiert goufen, erkläert d’Präsidentin vun der ASBL Kolping Lëtzebuerg Marie-Jeanne Brauch-Klein.

Zwee Drëttel vun den Done ginn zu Lëtzebuerg benotzt. Den aneren Drëttel geet u Partner an de Projet-Länner. Vill dovunner sinn zum Beispill am Kongo.

U sech si souwisou d’Gemengen zoustänneg fir d’Gestioun vum Textil-Offall. Esou steet et am Offallgesetz. D’ASBLen hunn hinnen déi Aarbecht awer gären ofgeholl. Niewent Kolping fënnt een och nach méi wei 200 Containere vun der ASBL Aide aux Enfants Handicapés et Défavorisés de Luxembourg. Dës ASBL wäert och an Zukunft weider maachen.

Déi orange Containere verschwannen och net, si wäerte vun aneren Organisatiounen opgegraff ginn. Kolping këmmert sech nach bis den 31. Januar drëms, duerno ass awer nach net a Stee gemeesselt, wie genau dës Aufgab iwwerhuele wäert. Et gëtt vun op d’mannst zwou Associatioune geschwat. Dës Situatioun misst awer zäitno gekläert ginn.

D’ASBL Kolping wäert net verschwannen, si këmmere sech just net méi em d’Containeren. D’Associatioun mécht weiderhin hir Kleeder-Kollekten an de Gemenge selwer.

Back to Top
CIM LOGO