
Vu Kathedralen an anere Katastrophen: Carte blanche vum Jean-Luc Thill.Wann et dem Raphaël Glucksmann nogeet, den Iéwegten an ganz sympathëschen vun der neier Partei “Place Publique”, déi souzesoen eng nei an frëch an méi gerecht Loft den sozialistëschen Parteien an der politëscher Welt allgemeng wëll anhauchen, dann kéint dat duerchaus den Fall sin. Den Glucksmann baut säin Buch an sëng Thesen op déi zweet Fassung vum Caravaggio op vum “Matthäus und der Engel” an do spillt -den Hocker- eng zentral Roll wann et ëm dat wacklëgt geet op dat d’Mënschheet opbaut, well si et villäicht nach ëmmer net besser kann oder et nach ëmmer net geléiert huet oder -all déi- wou d’Mënschheet sollen leeden.
Les enfants du vide! Dat sin mär oder mär sin domader gemengt!
En interessant Buch wat een an dësen Zäiten sollt liésen an graad och villäicht virun den Walen an wann een ës genuch huet mat denen aalen Parteien an aalen Verspriéchen an awer och wann een ës genuch huet mat riéts bis riétsextrem an vum Liberalismus aus dem 19ten iwer den Utilitarismus bis hin zum Neoliberalismus vun haut an wann een sëch besënnen wëll, wat jo net ëmmer esou einfach ass an dëser Welt, wou den Sënn an villem just nach schwéier ze erkennen ass, dofir awer ëm sou méi den Egoismus oder och d’Arroganz, déi aus villen Décisiounen, och politëschen an domader och villen Riéden ervirgin.
Wann een d’Raisonementer oder politësch Analysen vun der leschter Zäit héiert oder déi schwaach d’Ukënnegungen an bedenklëch Ziler fir an déi nächst Joeren eran an dat och elo op europäëschem Niveau an kuerz virun den Europawahlen, dann kéint et gudd dozou féieren dass den Hocker dem Matthäus ënner dem Knéi ëwechflutscht an wat dann doraus kéint resultéieren, fir dat virauszegesin, dofir brauch een emol guer net gleewëg ze sin, dofir brauch een just nëmmen eng Portioun gesonden Mënschenverstand.
D’Notre Dame de Paris ass villäicht keen Zeechen awer wann d’Onglëck d’Mënschen an virun allem Politiker zum Ëmdenken kéint ureegen, dann hät den Brand sëng Wiérkung op manst net verfeelt an domader géif doraus esouguer en Notzen fir eis weider -sozial- Entwëcklung ervirgoen. Sou wäit wëll dann awer keen Politiker denken an am contraire, den Präsident Macron an och anerer notzen d’Situatioun an d’Onglëck nawell erëm fir hir eegen Zwecker aus an wat op manst schon dëss Politik ugeet, do konnt den Engel an Consorten et dann och net vermeiden dass den Hocker dem Matthäus ënner dem Knéi ëwechfiért.
Elo baut dat Bild, d’Hoffnung, esou wéi et schéint just nach op eis op, op den “Enfants”. Dat Ganzt ass effektiv eng ganz wackelëg Geschicht an d’Politik miérkt et nach ëmmer net, well si weiderhin zevill mat sëch beschäftëgt ass.
Den gewinnten Status Quo, ass nom Glucksmann an villen aneren net méi ze droen. Si fuederen, an do géif ëch mëch dann och uschléissen, well anescht geet et definitiv net méi, “Un nouveau contrat social”!
Dovun ass awer bei all denen aneren Parteien an och elo virun den Walen fir Europa wéinëg bis guer näischt ze héieren, wéi gewinnt spillen si all op Zäit an fuederen déi dann och an suergen gären dofir dass den Status Quo oprecht erhaalen bleiwt an domader och hir Politik an si selwer och. Irgendwann muss dann awer en Wonner geschéien, wann mär net wëllen dass mär mat esou enger Politik allegueren ënnergin, pardon, vum Hocker faalen.