
Déi Gréng haten doropshin hannerfrot, ob d’EU-Wal-Prozedur fir dës Leit nach konform zum Walgesetz wier.
An enger zweeter urgenter Fro hat sech de Meris Sehovic un den Inneminister Gloden adresséiert, dee lo weider Detailer gëtt an d’Gemengen, wou d’Feeler an der Korrespondenz fir d’Bréifwal geschitt sinn, mam Numm nennt.
Dëst si Leideleng, Manternach, Schëtter, Waldbëlleg, Ëlwen an Bauschelt, wou am Ganzen 1.300 Bréifwieler keng Instruktiounen an hirer Enveloppe dobäi leien haten. Iwwerdeems goufen och eng 200 Bréiwer ouni Instruktiounen an d’Ausland verschéckt.
D’Wieler kruten d’Instruktiounen nogereecht a konnte se och online op 5 Sitte consultéieren. D’Walprozedur bleift deemno konform a valabel.
Den Oubli huet dem Inneminister no keen Impakt op d’Gültegkeet vun de Walen. Eng Statistik wéi en Impakt den Oubli op d’Walverhalen hat, kann net gemaach ginn, well soss géint d’Walgeheimnis géif verstouss ginn.