No Héichwaasser zu Iechternach1,4 Milliounen Euro u finanziellen Hëllefe goufe bis ewell ausbezuelt

Christophe Hochard
Duerch dee massive Reen a ganz kuerzer Zäit koum et d'lescht Joer am Juli zu uergen Iwwerschwemmungen a vill Misär a villen Uertschaften.
1 Joer nom Héichwaasser
1,4 Milliounen Euro u finanziellen Hëllefe goufe bis ewell ausbezuelt.

Réckbléck: Donneschdeg, de 15. Juli 2021 an der Abteistad. Moies no 9 Auer ass d’Sauer net méi an hirem Bett bliwwen. Séier hu sech d’Stroosse wéi e Baseng mat Waasser gefëllt. Bis zu 2 Meter héich stoung et an Iechternach. D’Leit hu missen aus hirem Doheem evakuéiert ginn. Vill Mënschen hu bannent kierzter Zäit quasi alles verluer.

Och de Park laanscht d’Sauer blouf net vum Héichwaasser verschount. Villes war futti an d’Gemeng huet versicht, séier ze handelen. Allerdéngs ass et en historesche Park, dee klasséiert ass. Elo heescht et eng Etüd ofwaarden, déi vum Kulturministère an Optrag gestallt gouf a bezuelt gëtt. Dëse Park a seng Gäert mam Pavillon ginn op d'18. Joerhonnert zréck. Säin historesche Wäert soll erhale bleiwen.

D’Héichwaasser vum Juli zejoert huet vill Schued verursaacht. 300 Rechnungen am Gesamtwäert vu 4 Milliounen Euro stinn aus. Am November 2021 huet d’Iechternacher Gemeng déi éischt un den Inneministère geschéckt.

39 Demandë fir finanziell Hëllef koume bis ewell am Inneministère eran. 1,4 Milliounen Euro goufe bis ewell ausbezuelt. Spéider wäerten et am Ganzen 21 Milliounen Euro sinn. An der Beaumont’s-Gaass waarde se elo op Post vun Iechternach.

Back to Top
CIM LOGO