
Gläichzäiteg sinn d'Präisser fir Fudder ze kafen och staark geklommen, erkläert de President vun der Lëtzebuerger Landwirtschaftskammer Christian Hahn.
"Bäikafen ass immens deier. Duerfir probéiert een, et alt e bëssen ze vermeiden. Mee et si ganz vill Betriber, déi musse bäikafen, wann de Stock vläicht vum leschte Joer net méi esou déck war. An dat si Saachen, wann een als Beispill beim Mais kuckt, deen ass jo net grad duebel esou deier, awer Richtung duebel esou deier wéi d'lescht Joer, wann een es kaaft huet.“
An dee Fuddermanktem huet direkt Konsequenzen op de Véibestand bei de Lëtzebuerger Baueren.
"Et ass ëmmer zum Hierscht zou, wou eeben e bësse méi geschluecht gëtt, well eeben d'Béischten an d'Ställ kommen an een eeben och de Béischte wëll déi Plaz an de Ställ ginn. Dëst Joer awer duerch de Fuddermanktem mierkt een awer richteg, dass d'Zuele wierklech 20, 25 Prozent, also e bëssen, dat wat ech vun den Händler héieren hunn, méi héich sinn an deem, wat d'Leit awer elo schluechte loossen an dat ass, denken ech, awer kloer op de Fuddermanktem zréckzeféieren“
Kuerzfristeg gëtt e bësse méi Stréi wéi soss ënnert d‘Fudder gemëscht.
Et géif drëm goen, esou laang wéi méiglech mam Grondfudder eens ze ginn, esou nach de Christian Hahn.
E längere Reportage iwwer d'Situatioun ronderëm de Fuddermankten gesitt Dir och den Owend am Journal op der Tëlee.