CGDIS1 Blesséierte bei Kollisioun tëscht Auto a Vëlo

RTL Lëtzebuerg
E Freideg den Owend, respektiv an der Nuecht op e Samschdeg huet de CGDIS op dräi Plaze mussen intervenéieren.

Géint 19.30 Auer waren um Boulevard Konrad Adenauer een Auto an ee Cyclist net laanschtenee komm. 1 Persoun gouf dobäi blesséiert.

Kuerz virun Hallefnuecht hat et zu Colmer-Bierg an der Avenue Gordon Smith an engem Local technique gebrannt, hei goufen zwou Persoune verwonnt.

A géint 2.30 Auer ass an der Areler Strooss um Belair ee Feier ausgebrach. Hei ass kee Mënsch zu Schued komm.

Back to Top
CIM LOGO