
Den 8. Juni 2026 hunn d'Regierung an d'Sozialpartner am Kader vun der Tripartite de sougenannte "Resilienzpak" ënnerschriwwen. Dësen Accord soll d'Lëtzebuerger an d'Frontaliere bei der Hausse vun de Liewenskläschten entlaaschten. Nieft enger Reduktioun op den Accisen um Bensinn gesäit den Accord och Hëllefe bei de Stroum- a Gaspräisser vir. Donieft sollen och d'Salariéen an d'Pensionnairen direkt finanziell ënnerstëtzt ginn.
Dës Ënnerstëtzung soll a Form vun engem Steierkredit fir d'Kompetitivitéit (crédit d'impôt compétivité), CIC genannt, kommen. E gouf schonn 2023 fir ee Joer agefouert, wéi d'Inflatioun staark geklomme war. Elo soll en nees fir déi lescht siwe Méint vum Joer 2026 gëllen, also vum 1. Juni bis den 31. Dezember 2026. Doduerch sollen d'Salariéen an d'Pennsionnairen all Mount e puer Euro méi an der Täsch hunn. Wien elo awer op sengem Paiziedel no dësem Steierkredit sicht, wäert en nach net fannen. Wéi eis Kolleege vu Paperjam feststellen, gëtt et den CIC den Ament nach net.
Och wann de Steierkredit réckwierkend vum 1. Juni bis den 31. Dezember 2026 gëlle soll, feelt nach déi gesetzlech Basis. Dat entspriechend Gesetz ass aktuell nach an der Ausaarbechtung an der Chamber.
De Montant vum CIC soll op Basis vum Bruttoloun pro Mount berechent ginn. Wat ee méi verdéngt, wat de Steierkredit fir d'Kompetitivitéit méi héich ausfale soll. D'Zil ass et, en änlechen Effekt ze erreeche wéi bei enger Indexéierung vun der Steiertabell. Dat ass awer net dat selwecht wéi eng Indextranche op de Loun, an dësen Ënnerscheed ass wichteg. Fir d'Pensioune soll eng änlech Berechnung gëllen. De Schätzunge vun RTL Infos no kéinten d'Montante pro Mount esou ausgesinn:
Bruttosalaire | Geschätzte Verdéngscht pro Mount | Geschätzte Verdéngscht op siwe Méint |
| < 1.125€ pro Mount | 0€ (Den CIC gëtt bei dëser Héicht vum Salaire net accordéiert) | 0€ |
| 2.000€ pro Mount | 3,33€ | 23,31€ |
| 2.500€ pro Mount | 6,46€ | 45,22€ |
| 3.000€ pro Mount | 10,16€ | 71,12€ |
| 3.500€ pro Mount | 13,86€ | 97,02€ |
| 4.000€ pro Mount | 17,56€ | 122,92€ |
| 4.500€ pro Mount | 21,26€ | 148,82€ |
| Vu 4.600€ bis 9.500€ pro Mount | 22€ | 154€ |
| 9.800€ pro Mount | 23,42€ | 163,94€ |
| Vu 9.925€ bis 14.175€ pro Mount | 24€ | 168€ |
| 14.500€ pro Mount | 25,37€ | 177,59€ |
| > 14.916€ pro Mount | 27,13€ | 189,91€ |
Wéi am Gesetzestext ernimmt, kann de ganze Montant an enger eenzeger Kéier ausbezuelt ginn. D'Berechnung gëtt allerdéngs ausschliisslech op Basis vum Bruttosalaire an de Virdeeler, déi accordéiert goufen, gemaach. Mee "d'Revenus non périodiques et extraordinaires" ginn ausgeschloss. D'Independantë kënnen dëse Steierkredit och op hirem järleche Gewënn geltend maachen.
Am Joer 2027 wäert den CIC ganz einfach verschwannen: Säin Effekt gëtt direkt an d'Steiertabellen integréiert, déi ëm den Equivalent vun engem Index (also 2,5 %) ugepasst ginn.