Tëscht Rippweiler a Räichel1 Blesséierte bei Kollisioun tëscht Trakter an Auto

RTL Lëtzebuerg
D'Rettungsekippe vum CGDIS waren e Sonndeg op zwee Accidenter geruff ginn, bei deenen am Ganzen 3 Persoune blesséiert goufen.

En éischten Asaz gouf et géint 12.24 Auer op der RN12 tëscht Rippweiler a Räichel, wéi en Trakter an en Auto net laanschtenee koumen. Eng Persoun gouf dobäi verwonnt a vun den Ambulanciere vu Réiden an de Pompjeeë vun Useldeng versuergt.

Op der A3 a Richtung Metz op der Héicht Léiweng hat et iwwerdeem géint 12.38 Auer tëscht zwee Ween geknuppt. Hei waren et zwee Blesséierter. D’Rettungsdéngschter vun Diddeleng, Beetebuerg an aus der Stad waren um Asaz.

Back to Top
CIM LOGO