Coronavirus zu Lëtzebuerg1 Doudesaffer, 1.932 Neiinfektioune bei 6.113 PCR-Tester

RTL Lëtzebuerg
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Persounen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, elo bei 921 läit.
© RTL

Aktuell sinn 67 Persounen hospitaliséiert, dovunner sinn 20 Patienten op der Intensivstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 1.096.464 Impf-Dosisse genotzt.

Den Inzidenzwäert bei den Net-Geimpfte läit bei 306,40 op 100.000 Awunner, dee vun de Geimpfte bei 303,46 op 100.000.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,53. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO