
Aktuell sinn 71 Persounen hospitaliséiert, dovunner sinn 10 (-3) Patienten op der Intensivstatioun.
Am Ganze goufe bis ewell 1.220.069 Impfdosisse genotzt.
Den Inzidenzwäert bei den Net-Geimpfte läit bei 598,00 op 100.000 Awunner, dee vun de Geimpfte bei 320, 25 op 100.000.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,01. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.