Coronavirus zu Lëtzebuerg1 Doudesaffer, 860 Neiinfektiounen op 2.246 PCR-Tester

RTL Lëtzebuerg
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Persounen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, op 1.093 geklommen ass.
© RTL

Aktuell sinn 18 Persounen hospitaliséiert, dovunner 3 Patienten op der Intensivstatioun. Am Ganze goufe bis ewell 1.285.221 Impfdosisse genotzt.

D’Reproduktiounszuel läit bei 1,04. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

D’Statistike vun der Santé am Iwwerbléck

Back to Top
CIM LOGO