Accidenter an de leschte Stonnen1 Foussgänger an 1 Cyclist ugestouss, 1 Mol Auto géint Bam an 1 Kollisioun

RTL Lëtzebuerg
An de leschte Stonne waren d'Ekippe vum CGDIS op op d'mannst 4 Accidenter mat 4 Blesséierte geruff ginn.
© RTL Archiv

En éischte Blesséierte gouf et en Dënschdeg kuerz virun 13 Auer an der Escher Strooss zu Gaasperech, wéi hei ee Mënsch vun engem Auto ugestouss gouf. D’Rettungsdéngschter aus der Stad waren um Asaz.

D’Ambulancieren an d’Pompjeeë vum SaDiff waren iwwerdeem géint 13.23 Auer op d’RN32 tëscht Déifferdeng an Zolwer geruff ginn, nodeems hei e Cyclist ugestouss a blesséiert gi war.

An der Route de Budersberg zu Diddeleng war géint 15.41 Auer en Auto an e Bam gerannt. Och hei gouf eng Persoun blesséiert a vun de Rettungsdéngschter versuergt.

Kuerz drop hat et dann op der A1 a Richtung Stad tëscht dem Tunnel Cents an dem Iergäertchen tëscht zwee Autoe geknuppt. De Blesséierte gouf vun den Ambulancieren aus der Stad versuergt, weider waren d’Pompjeeën aus der Stad a vun Nidderaanwen op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO