Am Ganze 7 Blesséierter1 Schwéierblesséierten no Accident tëscht Sprénkeng a Lampech

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg kuerz virun Hallefnuecht sinn tëscht Sprénkeng a Lampech 2 Autoen aneneegerannt. 1 Persoun gouf schwéier blesséiert, zwou weiderer méi liicht.

Wéi d’Police um Sonndegmoie präziséiert, sinn éischten Informatiounen no déi zwee Gefierer an enger Kéier frontal aneneegerannt. Béid Gefierer goufen duerch d’Kollisioun an de Säitegruef geschleidert.

Ambulanze vu Suessem-Déifferdeng, Esch a Mamer waren op d’Plaz geruff ginn.

Quasi ëm déi selwecht Zäit ass zu Eschweiler bei Wolz, am Beigewee en Auto an e Bam gerannt. D’Rettungsservicer vu Wolz waren am Asaz, grad ewéi den Ettelbrécker SAMU. Am CGDIS-Bulletin steet geschriwwen, et wier kee blesséiert ginn.

E Samschdeg géint 20.40 Auer ass tëscht Helleng a Beetebuerg en Auto accidentéiert, deen doropshi Feier gefaangen huet. Et blouf beim Materialschued.

De CGDIS mellt dräi Accidenter vun e Sonndegmëtteg. An der Mëttesstonn sinn am Rond-point Iergäertchen en Auto an e Motorrad matenee kollidéiert. Eng Persoun gouf verwonnt. Kuerz virun 13.30 Auer waren an der Rue Pierre Gansen zu Nidderkuer 2 Autoen net laanschtenee komm. Hei gouf et zwee Blesséierter.

A kuerz no 15.30 Auer ass tëscht Allënster a Kéideng ee Motocyclist gefall an dobäi verwonnt ginn.

Back to Top
CIM LOGO