Chiffere vun der Rentrée10 Prozent méi Schüler an der Grondschoul wéi nach viru ronn sechs Joer

RTL Lëtzebuerg
Fir dat neit Schouljoer gi knapp 62.500 Kanner an d'Grondschoul. Dat sinn der gutt 10 Prozent méi, wéi virun enger hallwe Dose Joer.

9 vun 10 Schüler sinn an enger ëffentlecher Schoul ageschriwwen

Am Lycée mécht de privaten Enseignement mëttlerweil bal 20% aus. Gutt 53.000 Schüler wäerte vun nächster Woch un d’Schoulbänk am Secondaire drécken. Déi meeschte Schüler sinn am Lycée Technique du Centre um Lampertsbierg ageschriwwen.

Am Fondamental sëtze gutt 5.600 Léierinnen a Schoulmeeschteren hannert de Pulter, sou wéi ronn 800 Chargéen. 81 Prozent si weiblech, 87 Prozent si Fonctionnaire.

Am Secondaire maachen d’Fonctionnairen zwee Drëttel vun den Enseignanten aus. Där gëtt et am Ganze 4.039. Och do enseignéiere mat 55 Prozent majoritär Fraen. Dës Prezisioune liwwert den Educatiounsministère.

An de konventionéierten Accueils- an Educatiouns-Strukture goufen et op den 31. Dezember iwwerdeems gutt 49.000 Plazen, 7 Prozent méi wéi d’Joer virdrun.

Am net-konventionéierte Secteur waren et där gutt 17.500. Dat bedeit am Joresverglach e Plus vu 4,4 Prozent.

PDF: D'Schreiwes vum Educatiounsministère

Back to Top
CIM LOGO