Tëschebilan vum Klimapakt100 Gemengen um Wee, fir méi klima- an ëmweltfrëndlech ze ginn

Christophe Hochard
Claudia Kollwelter
Um 12. Klimaakt-Dag gouf den Tëschebilan gekuckt, wou een um Wee, fir d'Gemenge méi klima- an ëmweltfrëndlech ze maachen, drun ass.
Klimapakt-Dag 2024
Zil vum Klima-Pakt ass et, fir d’Gemenge méi klima- an ëmweltfrëndlech ze maachen.

Bis 2030 wëll een der Klimaneutralitéit e Stéck méi no komme, d’Ëmwelt schounen an d’Biodiversitéit oprecht erhalen. Wichteg ass et d’Bierger fir dëse Sujet ze sensibiliséieren.

De Klimapaktdag / Claudia Kollwelter

An deem Sënn soll an Zukunft beim Hëtze vun de Wunnengen op Gas verzicht, an déi sougenannte Fern-Wärme-Netzer sollen ausgebaut ginn. Dat virun allem a Quartieren, déi néi gebaut ginn, awer och do, wou scho Leit wunnen.

D'Schreiwes vun der Klimaagence.

Back to Top
CIM LOGO