Police11 Autoen opgebrach an Abroch an Hotel - zwou Persoune festgeholl

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg gouf de Beamte géint 23 Auer een Abroch an ee Sportsbuttek zu Miersch gemellt.
© Police

Op der Plaz gouf direkt eng Sich no de Schëllegen an d’Weeër geleet, déi awer kee Resultat bruecht huet.

Méi spéit goufen der Police zu Méchela 11 Autoe gemellt, déi opgebrach gi waren an och op der Gare war eng Fënster futti. Zu Kautebaach gouf an ee weideren Auto an an een Hotel agebrach. D’Police konnt eng Persoun festhuelen a kuerz Zäit drop gouf een zweete Verdächtegen op der Gare zu Kautebaach festgeholl. Béid Persoune stinn am Verdacht, eppes mat den Abréch ze dinn ze hunn. Si goufen op Uerder vum Parquet festgeholl an en Dënschdeg am Nomëtteg virun den Untersuchungsriichter bruecht.

Back to Top
CIM LOGO