Lycée Robert-SchumanDe Pascal Marin gëtt Ufank 2027 neien Direkter

RTL Lëtzebuerg
Wann d'Direktesch Michèle Remakel an d'Pensioun geet, wäert de Pascal Marin, deen nach Direkter am Lycée zu Péiteng ass, hiren Nofollger ginn.
© René Pfeiffer

De Lycée Robert-Schuman an der Stad kritt en neien Direkter. An engem Bréif un d’Eltere vun de Schülerinnen a Schüler huet déi aktuell Direktesch Michèle Remakel hiren Depart an d’Pensioun fir den 1. Januar d’nächst Joer annoncéiert.

Hire Successeur an domat neien Direkter vum Lycée Robert-Schuman gëtt de Pascal Marin. Hien ass aktuell nach Direkter vum Lycée Mathias Adam zu Péiteng.

Back to Top
CIM LOGO