
Lëtzebuerg wëll en Importverbuet fir Gidder aus de vun Israel besate Gebidder. Am Regierungsrot ass de Moien iwwer en Text berode ginn. Dat wär fir de legale Kader sécher ze stellen, sot an enger Sproochnoriicht den Ausseminister Xavier Bettel. E groussherzoglecht Reglement soll et och zesumme mat der Chamber ginn.
Lëtzebuerg géif seng Responsabilitéit huelen, och wann et just eng symbolesch Aktioun wär. Europa wär an där Fro leider net geschlossen, bedauert de Xavier Bettel.
Wann d'EU et net kéint, da missten d'Länner et eleng maachen.
Et kéint een net einfach nokucken, Dat wäre “Gebidder, déi net deene Leit gehéieren déi drop sinn, Siidler, déi engem op brutal Aart a Weis engem eppes ewech huelen.”
Och wann et u sech just Symbolik wär, hätt Symbolik awer e Wäert. Et wär keng Mesür géint Israel, huet de Lëtzebuerger Ausseminister betount, mä géint Siidler a besate Gebidder, wann een internationaalt Recht net respektéiert. Do kéint een d'Aen net zoumaachen.