
Nieft de Pabeieren, de Rouzäiten an der Sécherung vun den transportéierte Wueren ass en Donneschdeg op der Aire de Wasserbillig och den techneschen Zoustand vun de Gefierer kontrolléiert ginn.
Bei 40 iwwerpréifte Camione sinn 28 Verwarnungen an ee Protokoll un de Parquet ausgestallt ginn. 17 Chaufferen hate sech net un déi virgeschriwwe Rouzäite gehalen. Zwee hunn hir Wuere mussen nei sécheren an ee Chauffer huet réischt dierfe weiderfueren, nodeems hien en Tachygraf vun der Generatioun 2 Versioun 2 agebaut hat. An 9 anere Fäll war sech net un de Code de la Route gehale ginn.