Drogebesëtz an Immigratiounsgesetz139 Persounen an 12 Caféen zu Bouneweg an Déifferdeng kontrolléiert

Andy Brücker
Zwou Persoune konnten ugetraff ginn, no deene gesicht gouf.
© Laurent Weber

En Donneschdeg den Owend huet d'Police eng Dose Caféen zu Bouneweg an Déifferdeng kontrolléiert. De Fokus louch dobäi op Verstéiss géint Drogebesëtz respektiv d'Immigratiounsgesetz. Alles an allem goufen 139 Persoune kontrolléiert.

D'Beamte kruten ënnert anerem Ënnerstëtzung vun der Hondsstaffel, grad ewéi der Spezialunitéit.

Zu Bouneweg gouf eng Persoun protokolléiert, well se sech net un d'Drogegesetz gehalen huet. Zwou Persoune konnten ugetraff ginn, no deene gesicht gouf.

Am Bulletin vun der Police gëtt dann och preziséiert, dass an Zukunft weiderhi sou Kontrolle wäerten duerchgefouert ginn.

Back to Top
CIM LOGO