250 Euro a 4 Punkten11 Automobiliste goufe mam Handy um Steier erwëscht

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg de Moien tëscht 7.20 Auer an 9.20 Auer huet d'Police op der N56 a Richtung Stad-Gare eng Verkéierskontroll gemaach.

Dobäi goufen 11 Automobilisten erwëscht, déi wärend dem Fueren hiren Handy benotzt hunn. Dat kascht déi Concernéiert 250 Euro a 4 Punkten. Donieft war a 6 Fäll de Chauffer oder de volljärege Bäifuerer net ugestréckt, iwwerdeems 4 Leit net all déi néideg Pabeiere virweise konnten.

Back to Top
CIM LOGO