
Zu Haassel huet een Dach gebrannt, et gouf kee Blesséierten.
Tëscht Viichten a Biissen gouf et um 14.15 Auer een Accident mat e puer Gefierer. 5 Leit goufen derbäi verwonnt.
Bei Rouderssen ass um 14.23 Auer een Auto op der Kopp gelant. Eng Persoun gouf verwonnt.
Um 15.28 Auer huet op der A4 Richtung Stad tëscht Leideleng an dem Zéissenger Kräiz een Auto gebrannt.
Tëscht Mäerzeg an Nidderfeelen war et um 16.15 Auer eng Kollisioun tëscht 2 Autoen. Et gouf ee Blesséierten.
Um 16.23 Auer war et op der B40 Direktioun Frankräich ee Crash tëscht engem Moto an engem Auto. Och hei gouf eng Persoun verwonnt.
Zu Bouneweg an der Rue des Trevires gouf um 16.50 Auer ee Cyclist vun engem Auto ugestouss. Hei gouf eng Persoun blesséiert.