Äntwert op parlamentaresch Fro111 Doktere schaffen aktuell mam Paiement immédiat direct

RTL Lëtzebuerg
De Paiement immédiat direct bei den Dokteren hëlt lues, mee konstant zou. Aktuell schaffen 111 Dokteren, dorënner 18 Zänndokteren, mat dësem System.
© Envato Witsaruts

Et ass awer nach Loft no uewen, well et eng 2.600 Generalisten, Spezialisten an Zänndokteren am Land ginn. Beim Prinzip vum PID bezilt de Patient jo beim Dokter nëmmen nach seng eege Participatioun vun der Rechnung.

Den Dokter/Zänndokter kritt bannent 48 Stonnen d’Part statutaire iwwerwisen, nodeems d’Preuve de paiement agaangen ass, respektiv den nächste Schaffdag, wann den Delai op e Weekend oder Feierdag fält.

D’CNS verfüügt ënnert anerem iwwert déi néideg Outilen, fir SEPA-Viremente bannent Sekonnen ze realiséieren, 24 Stonnen op 24, 7 Deeg op 7, an dëst ouni zousätzlech Käschte fir den Dokter/Zänndokter.

Ob de Patient de PID benotzt, ass ganz him iwwerlooss: soit gëtt iwwert dee Wee bezuelt oder awer iwwer d’klassesch Method, datt d’Dokteschrechnung un d’CNS geschéckt gëtt, fir duerno de Remboursement ze kréien.

Wéi d’Martine Deprez weider preziséiert, ginn et aktuell 5 Softwaren, déi eng Attestatioun hunn, fir de System vum PID z’applizéieren.

D’Froen zum PID hat d’ADR-Deputéiert Alexandra Schoos an enger parlamentarescher Fro un d’CSV-Ministesch gestallt.

Äntwert op parlamentaresch Fro N°617

Back to Top
CIM LOGO