
88 Schüler aus der Internationaler Schoul zu Déifferdeng an zu Esch (EIDE) hunn hiren Ofschloss gepackt, genee wéi 28 Schüler aus der Lënster Lycée International School (LLIS).
An der Lënster Schoul hunn deemno 100 Prozent vun den Ofschlosschüler - 16 Fraen an 12 Männer - de Bac gepackt. An der Internationaler Schoul vun Déifferdeng an Esch louch den Taux de réussite bei 97,8 Prozent. Zwee vun insgesamt 90 Schüler hunn et deemno net gepackt. Dat deelt den Educatiounsministère e Freideg mat.
An der École Internationale de Differdange et d’Esch-sur-Alzette ware 24 vun den 88 Absolventen an enger englescher Sektioun ageschriwwen, 52 an enger franséischer Sektioun an 12 an enger däitscher Sektioun.
Fir d’International School zu Lënster war et déi éischt Kéier, datt Schüler hire Bac gemaach hunn. D’International School vun Déifferdeng an Esch hat d’lescht Joer seng éischt Ofschlossklass.