
Fir dës Etüd hunn d’Chercheure vun der Uni Stanford an den USA d’Käschte fir erneierbar Energie vun 145 Länner weltwäit ausgerechent. Fir Lëtzebuerg läit de Präis vum Switch bei 14,2 Milliarden Euro respektiv 22 Prozent vum PIB vum Land. Et geet een awer dovunner aus, datt et sech awer bezuelt mécht, well een duerch den Ëmschwong op erneierbar Energie an de Joren dono vill Sue ka spueren. Pro Joer rechnen d’Experte mat ronn 3,8 Milliarden Euro, esou datt et et eppes méi, wéi 4 Joer dauert, bis sech den Invest bezuelt mécht.
Weider Detailer zu der Enquête bei eise Kolleege vun RTL Today.Fir dëst ëmzesetze bräicht een aktuell ronn 177 Quadratkilometer Land, also bal 7 Prozent vum Territoire vum Grand-Duché, fir déi néideg Infrastrukturen opzeriichten.
Mam kompletten Ëmschwong op erneierbar Energie géifen zwar och Aarbechtsplazen ewechfalen, mä et géifen och eng 16.000 nei Plaze geschaaft ginn, 12.500 dovunner eleng fir d’Maintenance vum Ekipement.