
Am Verglach mam selwechte Mount 2023 ass d’Zuel vun den Asyldemanden am Mäerz 2024 liicht zeréckgaangen. 145 Leit hunn eng Demande fir internationale Schutz hei am Land gemaach, esou d’Direktioun vun der Immigratioun e Méindeg. Déi lescht Méint war d’Zuel un Asyldemanden awer éischter stabel par rapport zu deenen zwee Joer virdrun.

De Krich an der Ukrain féiert weiderhin dozou, dass Ukrainer eng Demande op eng temporär Protektioun hei am Land stellen. Am Mäerz 2024 goufen et am Ganze 76 esou Demanden, dovunner 68 vun Ukrainer. An deenen éischten dräi Méint vun dësem Joer goufe vun Ukrainer 188 esou Demande gestallt.
