
An de Strukture fir de primo-accueil ass Plaz fir 18 Persounen. Aktuell si 14 Plaze fräi. Iwwer dat ganzt Land verdeelt, gëtt et 16 Strukturen, an deenen déi Mannerjäreg kënne logéiert ginn, déi eleng op Lëtzebuerg koumen. D’Leit ginn op de genannte Plazen hebergéiert, virun an och no der Formulatioun vun hirer Protektioun-Demande.
Dës Zuelen nennt den CSV-Inneminister Léon Gloden. D’LSAP-Deputéiert Dan Biancalana a Claire Delcourt haten eng entspriechend parlamentaresch Fro gestallt.