Eleng an der Woch tëscht dem 20. a 27.August sinn nach eemol iwwer 150 Béischten a 66 verschiddene Betriber dobäi komm.
déi typesch Symptomer vun der Krankheet sinn héichr Féiwer, d’Nues déi leeft an d’Aen, déi tréinen. Virun allem Schof a Geesse si betraff. Et ginn awer och Bauerebetriber, wou d’Mëllechkéi de Virus hunn a krank sinn. Doduerch entsteet eng Perte an der Mëllechproduktioun. Och de Véi-Export ass ageschränkt. Esou däerfen a Länner wou d’Blo-Zonge-Kränkt nach net ausgebrach ass, d’Déieren aus Lëtzebuerg exportéiert ginn.
D’Impfcampagne, déi viru ronn 3 Wochen ugefaangen huet, géif nach keng Friichten droen. Dofir wär et nach ze fréi. Virun allem, well d’Déieren eng Boosterimpfung brauchen.
D’Krankheet gëtt duerch d’Picke vu Mécken iwwerdroen. Fir d’Mënschen ass se ongeféierlech